WM-QualifikatiounZil ass et, op d'mannst ee Match ze gewannen

RTL Lëtzebuerg
An dëser Woch mussen déi rout Léiwen am Aserbaidjan an doheem géint Irland untrieden.
Preview: Aserbaidjan - Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend spillen d’Rout Léiwen de Retourmatch am Aserbaidjan.

Aserbaidjan - Lëtzebuerg: E Preview vum Serge Olmo

En Dënschdeg den Owend spéit ass déi Lëtzebuerger Futtball Nationalekipp no véier an eng hallwer Stonne Fluch zu Baku ukomm. De WM-Qualifikatiounsmatch géint den Aserbaidschan ass fir en Donneschdeg um 18 Auer Lëtzebuerger Zäit programméiert. D’FLF-Selektioun hat Ufank September den Aller-Match 2-1 gewonnen a wëll déi Victoire natierlech confirméieren. E Mëttwoch de Mëtteg war nieft engem Training och eng Pressekonferenz programméiert.

D’FLF zu Baku

Bei de Lëtzebuerger ass jo de Kapitän Laurent Jans liicht ugeschloen. De Spiller vu Rotterdam war virum Training selwer gespaant, ob säi Fouss d’Belaaschtung géif packen. De Laurent Jans gëtt eng gewëssen Entwarnung.

No der Noriicht vun e Méindeg Owend, datt de Golkeeper Anthony Moris wéinst Covid feelt, gouf jo de Ralph Schon nonominéiert. De Schon hat sech jo initial ofgemellt, well hien a ganz noer Zukunft wäert Papp ginn. De Wëlzer Golkeeper ass dem Nationaltrainer Luc Holtz voll op de Match vun Donneschdeg fokusséiert. Den Trainer huet vun enger komplizéierter Trainingsunitéit geschwat, well e Genre Sandstuerm zu Baku war.

D’Ekipp mam Nationaltrainer Luc Holtz ass op Baku gereest mam klore Wëllen, mat 3 Punkten zeréckzekommen an idealerweis déi 3. Plaz am Klassement vum Grupp A definitiv sécher ze hunn.

Extrait Luc Holtz

Mir wäerten d’Géigner op Aenhéicht begéinen, notamment den Aserbaidschan. D’Ire si vun hirer individueller Qualitéit nach ee Krack driwwer. Mä den Aserbaidschan gëtt 50/50. Si sinn dëst Kéier doheem. Do si kleng Detailer, déi den Ausschlag ginn. Mir sinn déi drëtt den Ament an déi Plaz wëlle mir behalen an dofir musse mir ee Match gewannen.

E Sonndeg spillen d’Lëtzebuerger hei heem géint Irland.

Back to Top
CIM LOGO