Bentornato!Zlatan Ibrahimovic: Wiessel zeréck bei den AC Milan fix

RTL Lëtzebuerg
E Freidegowend huet de Club op Twitter de Comeback vum Schweed mat der Iwwerschrëft "IZ Coming" ugekënnegt, wéineg méi spéit du confirméiert.
© AFP

Wéi de Club iwwerdeems um Site gemellt huet, huet den Ibrahmovic ee Kontrakt iwwer 6 Méint bis zum Schluss vun der Saison ënnerschriwwen, dat mat enger Optioun fir ee weidert Joer.

Den Ament hält sech den AC jo an der Tabell an der Mëtt op a kann ablécklech net u gréisser Erfolleger aus der Vergaangenheet uknäppen. Déi schweedesch Vedette soll deemno am zaarten Alter vun 38 Joer fir frësche Wand am Club aus der Lomardei suergen. Ob ëm dat wäert geléngen, steet op engem anere Pabeier.

Scho vun 2010 bis 2012 war de fréiere Stiermer vun ënner anerem Ajax Amsterdam, Juventus Turin, FC Barcelona a PSG beim AC Milan ënner Kontrakt a konnt a senger Zäit bei de Rossoneri den italienesche Championnat mat senger Ekipp gewannen.

Back to Top
CIM LOGO