Wie séchert sech de Cyclocross-Europameeschtertitel bei den Dammen? Dës Fro gëtt de Mëtteg vu 15 Auer u bei der Cyclocross-EM zu Zeddam an Holland beäntwert.
Mam Marie Schreiber ass eng Lëtzebuergerin an der Course vertrueden. No hirem ganz staarke Start an d'Saison zielt déi 23 Joer al Coureuse vun SD Worx zu de Favorittinnen op eng Medail. D'Lëtzebuerger Championne konnt dës Saison well fënnef Victoirë feieren, dorënner de Succès beim Exact Cross zu Meulebeke a bei der Nacht van Woerden, wou si déi aktuell Weltmeeschterin Lucinda Brand geklappt huet.
Zum Favorittekrees zielen nieft dem Brand och nach hir hollännesch Landsfraen Ceylin del Carmen Alvarado, d'Fem van Empel, d'Aniek van Alphen oder d'Inge van der Heijden oder och nach d'Italieenerin Sara Casasola.
Infoen zur Live-Iwwerdroung
Wou d'Course iwwerdroe gëtt: 1. RTL op der Tëlee, RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang
Start vum Stream: 14:50 Auer
Start vun der Course: 15:00 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 16:10 Auer