Cyclocross-EMThibau Nys ass neien Europameeschter

Jeff Birsens
D'Cyclocross-EM vun den Hären ass e Sonndeg mat engem ganz belsche Podium op en Enn gaangen.
Belgium's Thibau Nys celebrates as he crosses the finish line to win the men's elite race during the European Cyclo-cross Championships in Zeddam on November 8, 2026. (Photo by Iris van den Broek / ANP / AFP) / NETHERLANDS OUT
Den Thibau Nys beim Cyclocross den 1. November (Archiv)
© ANP/AFP

E Sonndeg huet sech am hollänneschen Zeddam den Thibau Nys den Europameeschtertitel geséchert. An der néngter a leschter Ronn war dem Belsch beim Deel mat de villen Trapen eng decisiv Attack gelongen a krut sech sou genuch vu sengem Landsmann Joran Wyseure ofgesat, fir d'Couse um Enn mat engem Ecart vu siwe Sekonne fir sech ze entscheeden. Den Niels Vandeputte huet de belsche Podium 19 Sekonnen drop komplettéiert.

Am spéide Moie war mam Ben Fleming ee Lëtzebuerger Coureur an der Course vun de Juniore gestart. Hie koum um Enn op déi 15. Plaz, dat mat engem Retard vun 1:44 Minutt op de Gewënner Lars Peers aus der Belsch.

E Samschdeg war d'Marie Schreiber no hirer Victoire nodréiglech op déi zweet Plaz reklasséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO