LiichtathleetikE Samschdeg stoung zu Zéisseng de Season Closing am Hummerwerfen um Programm

Bern Thill
Am Wanter hunn d'Hummerwerfer eng nei kleng Hal zu Verfügung. Dat verbessert Trainings Konditiounen.
E Samschdeg stoung zu Zéisseng de Season Closing am Hummerwerfen um Programm.
Fir de Wanter ginn d'Athleten an eng Hal trainéieren, ma där déi Responsabel mei wei zefridde sinn.

Wann e Meeting vum Stater Veräin CSL um Programm steet, da sinn d'Mireille an de Steve Tonizzo omnipresent, sief et fir ze encouragéieren, ze motivéieren oder Rotschléi ze ginn. D'Mireille Tonizzo war och selwer e Samschdeg am Asaz. De 4 Kilo schwéieren Hummer ass 41 Meter 68 wäit geflunn. 2 weider Weltmeeschtertitelen an der Masters Kategorie 55, hat d’Mireille aus Südkorea mat heem bruecht.

De Steve  Weiwert hat sech des Saison em 5 Meter verbessert an huet d'Norm fir d'Jeux de la Francophonie erreecht. Lëtzebuerg huet sech awer decidéiert op dëse Spiller net mat ze maachen, wat awer näischt um Steve Weiwert senger Motivatioun fir Zukunft ännert.

D'Sofia Snäll, déi national Rekorder um lafende Band schléit, ass am Ament net wéi gewinnt zu Zéisseng mee zu Stanford. Souwuel hiren Trainer zu Lëtzebuerg wéi och zu Stanford sinn awer a Kontakt an et ass en zefridde wéi den Training zu Stanford opgebaut ass.  

De Wanter ka fir d’Hummerwerfer kommen. Schlecht Wieder ass keng Brems méi. Et huet een eng kleng Hal, an där ee scho wärend engem Joer Erfarunge gesammelt huet. Hei gëtt ënner Dach no bausse geworf. Dee ronn 7 Kilo schwéieren Hummer flitt verständlecherweis net esou wäit wéi dee vu 4kg. Et brauch een en deemno och net esouwäit sichen ze goen.

D'Hummerwerfer sinn e klenge Grupp mat enger grousser Passioun.

Déi komplett Resultater vum Season Closing zu Zéisseng

Back to Top
CIM LOGO