Muskelkrämp um leschte KilometerÄthiopierin Tigst Assefa verpasst Weltrekord beim Berlin-Marathon

RTL Lëtzebuerg
Zu engem reegelrechte Marathon-Drama koum et e Sonndeg zu Berlin.
Nëmme knapp huet d'Tigst Assefa de Weltrekord verfeelt.
© JOHN MACDOUGALL/AFP

D'Äthiopierin Tigst Assefa huet de Weltrekord e Sonndeg nëmme knapp verpasst. Um leschte Kilometer vum Marathon zu Berlin krut si op eemol Krämp an d'Muskelen an huet de Rekord vun der Kenianerin Ruth Chepngetich vun 2024 net erreecht. D'Chepngetich war zu Chicago no 2:09:56 Stonnen duerch d'Arrivée komm. 2:11:02 Stonnen huet d'Assefa zu Berlin gebraucht, en neie Streckerekord an drëttséierst Zäit an der Geschicht.

D'Tigst Assefa huet domat hir Victoire vun 2022 an 2023 widderholl. Virun 3 Joer war si mat 2:11:53 Stonnen e Weltrekord gelaf.

Back to Top
CIM LOGO