Schi AlpinPinheiro Braathen wënnt de Slalom zu Levi souverän

Jeff Birsens
Am finnesche Levi war e Sonndeg, wéi och schonn am leschte Joer, e Brasilianer dee Séiersten op der Pist.
Race winner Brazil's Lucas Braathen pets a reindeer as he celebrates on the podium after the FIS Ski World Cup men's slalom at the Levi Ski Centre in Kittila, Finland, on November 15, 2026.
De Präis fir de Gewënn zu Levi ass nieft enger klenger Coupe och e Parrainage vun engem Rendéier.
© LEHTIKUVA/AFP

Am Schi Alpin huet de Lucas Pinheiro Braathen e Sonndeg de Slalom zu Levi virum Clément Noël an dem Loic Meillard gewonnen.

De Brasilianer war schonn nom éischten Duerchgang mat engem Chrono vun 52.69 Sekonnen dee Séiersten a louch domadder schonn 0,65 Sekonne virum Zweeten. Dës komfortabel Ausgangspositioun huet sech de Braathen dunn am zweeten Duerchgang net méi huele gelooss a wënnt domadder, wéi och schonn am leschte Joer, de Slalom zu Levi. De Clément Noël an de Loic Meillard haten um Enn en Ecart vun 0.56, respektiv 0.73 Sekonnen.

Weider geet et am Schi Alpin den nächste Weekend mam Slalom am éisträichesche Gurgl.

Back to Top
CIM LOGO