Bei liichtem Reen a genuch Bulli duerft ee sech e Sonndeg de Mëtteg am Ellergronn net ze schued sinn, fir e bësse knaschteg ze ginn. D’Stëmmung bei de Leeferinnen a Leefer war virum Depart awer richteg gutt a jiddereen huet sech gefreet, déi 8,4 Kilometer an Ugrëff ze huelen. Ee klengen an aacht grouss Tier stounge bei der Elite um Programm an déi haten et a sech.
3 Joer ass et hier, dass d’Lena Kersch hire leschte Cross gelaf war. Nodeems d’Fola-Athletin zweemol Mamm ginn ass a mat enger Verletzung ze kämpfen hat,stoung si de Mëtteg nee mat um Depart. Nom leschte Warmup goung et um 12:45 Auer op de Parcours.
Bei den Damme war et d’Franséisin Daisy Colibry,déi sech Fréi un d’Spëtzt konnt setzen an op deem schwéieren Tour vir konnt bleiwen. Hannert hier war et d’Lena Kersch als éischt Lëtzebuergerin, déi hiren Tempo fonnt a Spaass hat. Drëtt gouf d’Anne Claire Decker. D’Leaderin vun der Cross Challenge Brenda Gilson koum op déi fënnefte Plaz.
Bei den Hären huet bis ewell de Christophe Kass d’Cross Challenge dominéiert mat dräi Victoiren aus dräi Coursen, an och e Sonndeg de Mëtteg hat et gutt ausgesi fir de Leefer vun der Fola. Zesumme mam Kevin Thill vum CAD an dem Rafael Godinho konnt sech den Trio vun der Konkurrenz ofsetzen. De Rafael Godinho huet d’Course awer fréizäiteg missen ofbriechen, well hien ëmgeknéckst war an net weider maache konnt. Un der Spëtzt war et de Kevin Thill, dee sech lues awer sech vum Christophe Kass konnt ofsetzen an eng kleng Féierung vun um Enn fënnef Sekonne konnt bis iwwert d’Linn retten.
Den Deulux-Laf e Samschdeg an de Cross Challenge e Sonndeg waren um Enn dann awer eng Nummer ze vill fir de Christophe Kass, deen awer ganz zefridde mat senger Performance war. Weider geet et da mat der Cross Challenge nächste Sonndeg beim Celtic.