
Dëst Joer hat de Clierfer Veräin de Leeferinnen a Leefer an der Sportshal zu Wäiswampech Rendez-vous ginn. D’Lescht Joer haten si sech an engem Zelt beim Wämper Séi versammelt.
D’Participante konnten sech eng vun dräi Distanzen eraussichen. Déijéineg ënnert de 450 Leeferinnen a Leefer, déi sech fir déi laang Distanz decidéiert haten, hunn eng nei Streck entdeckt. Un déi traditionell 28 Kilometer gouf eng Schläif vu 5 Kilometer ugehaangen an esou krut den Numm “Trail” eng gréisser Berechtegung.
D’Athlete konnte vu sech behaapten, an dräi Länner, der Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg ënnerwee gewiescht ze sinn. Och déi nei Sportministesch Martine Hansen ass vum Dräilännereck, aus dem Niwwel, an d’Sonn gelaf. Op de Ravien hunn d’Leefer dann och e puer vun deene 50 Benevoller begéint, déi fir d’Wuelbefanne vun de Trailspezialiste gesuergt hunn. De Klerfer Veräin ass ganz aktiv, am Kanner- an am Jugendberäich. Triathlon a Liichtathletik ginn ugebueden, et feelt awer un den néidegen Installatiounen. Et ass e Projet um Lafen, un deem sech siwe Gemenge bedeelegen.
De Sven Remakel trainéiert am léifsten am Bësch an dat mat Erfolleg. Och zu Wäiswampech hat hien d’Nues fir. Bei den Damme gewënnt d’Jil Gillen op der Haaptdistanz iwwer 33 Kilometer.
Niwwel, Sonn, den éischte Wanterdag. Nëmmen de Schnéi hat de Rendez-vous zu Wäiswampech verpasst.