
Am Biathlon stoungen zu Kontiolahti a Finnland d'Single-Mixed-Staffel an d'Mixed-Staffel um Programm.
D'Victoire bei der Single-Mixed-Staffel goung u Schweden. Den Duo Samulesson/Halvarsson ass knapp 3 Sekonne virun der däitscher Koppel Strelow/Fichtner iwwer d'Arrivée gefuer. De Justus Strelow hat an der leschter Ronn nach de Fransous Éric Perrot iwwerholl, dee mam Lou Jeanmonnot op déi 3. Plaz koum, knapp iwwer enger Sekonn hannert Däitschland. Iwwerraschend gutt hu sech d'Gesëschter Slettemark aus Grönland aus der Affär gezunn. Si koumen um Enn hannert Norwegen op déi 5. Plaz.
Eng spannend Course gouf et an der Mixed-Staffel. Norwegen konnt sech um Enn mat knapp iwwer 10 Sekonne Virsprong de Succès virun de Fransouse sécheren. Op déi 3. Plaz koum déi Däitsch Staffel, obwuel si 2 Strofronnen hu misse lafen. Si haten e Réckstand vu knapp 32 Sekonnen op Norwegen.
Am Schisprange vun den Dammen zu Hinzenbach koum d'Éisträicherin Lisa Fettner op déi 1. Plaz. D'Nika Prevc aus Slowenien hat op der 2. Plaz e knappe Retard vun 0,7 Punkten. De Podium gouf vun der Norwegerin Anna Odine Strøm komplettéiert.
D'Häre sinn zu Ruka a Finnland gesprongen. Och do gouf et mam Stefan Embacher e Vainqueur aus Éisträich. Hien ass 145 an 143 Meter wäit gesprongen. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Schwäizer Sandro Hauswirth (139,5 an 142,5 Meter) an de Norweger Marius Lindvik (143 an 142,5 Meter).