3-Länner-Trail zu WäiswampechSven Remakel gewënnt 15. Editioun

RTL Lëtzebuerg
Den 33 Kilometer laange Parcours goung iwwer den Territoire vu Lëtzebuerg, Däitschland an der Belsch.
© Luc Marteling

Den 3-Länner-Trail gouf elo déi 15. Kéier vum Cercle Sportif du Nord Clervaux organiséiert. Et konnt ee sech fir dräi Parcoursen aschreiwen: 10 (Sprint), 16 (kuerz Distanz) oder 33 Kilometer (mëttel Distanz).

Op der mëttler Distanz war de Sven Remakel net ze schloen. De Leefer vum CA Bieles huet de Parcours vu Wäiswampech laanscht d’Our, eriwwer an Däitschland, op Ouren an der Belsch an erëm zeréck am séiersten hannert sech bruecht. Hien hat duerno 2 Stonnen 24 Minutten an 52 Sekonnen op sengem Chrono stoen. Den Nicolas Toussaint hat als Zweete bal 9 Minutte Retard. Den Däitsche Philipp Hensel gouf Drëtte viru sengem Teamkolleeg vu Schweich Markus Wolff. Bei de Frae war d’Jil Gillen déi Séierst. Si konnt sech mat groussem Virsprong (+ 16 Minutten) op d’Sonny Eschette vum CSN Clervaux an op d’Susanne Loewen (+ 17,5 Minutten) duerchsetzen. Am Ganze waren 107 Leefer a Leeferinne fir d’Distanz vun 33 Kilometer ageschriwwen.

Op der kuerzer Distanz vu 16 Kilometer hut sech bei den Hären den James Dunn vum CSL géint de Sylvain Georis (+ 3:04) aus der Belsch an de Richard Guinchan (+ 3:11) vum Celtic Dikrech duerchgesat. Bei den Damme goung d’Victoire un d’Gaby Andres, virun der Marina Wierz an der Sophie Collins (CSL), déi als éischt Lëtzebuergerin ukoum. Hei waren 150 Leit ageschriwwen. Am Sprint iwwer 10 Kilometer huet de Flavio Coimbra (Movin Wëntger) virum Michel Heck an dem jonke Josy Apel gewonnen. Bei den Damme huet déi 18 Joer jonk Esther Bossuyt (51:59) vum CSL gewonnen. Si hat op der Arrivée 13 Sekonne Virsprong déi 17 Joer jonk Toni Salomon. De Podium gouf vun der Eva Freres (+ 8:47) komplettéiert. Hei ware 65 Athleeten ageschriwwen.

D’Resultater fannt Dir hei.

Mir kommen e Méindeg mat engem Reportage op der Tëlee op dëse Sujet zeréck.

Back to Top
CIM LOGO