ÄishockeyTornado verléiert an der zweeter franséischer Divisioun géint Brest

RTL Lëtzebuerg
Um 9. Spilldag huet de Lëtzebuerger Veräi mussen eng Néierlag astiechen.
© DANIEL KARMANN/dpa Picture-Alliance via AFP

Tornado verléiert knapp mat 6:4 géint den Tabellendrëtte Brest.

No engem ausgeglachenen éischten Drëttel, an deem Brest an der 16. Minutt konnt mat 1^:0 an Féierung goen, hunn d'Lëtzebuerger am zweeten Drëttel komplett den Fuedem verluer an obwuel den Tornado konnt fréi duerch den Kapitän Colm Cannon op 1:1 ausgläichen, hu si duerch vill Stroofzäiten an Ënnerzuel an nëmme fënnef Minutte véier Goler geschoss kritt.

Esou goung et mat engem 5:1 zu Gonschte vun der Heemekipp an de leschten Drëttel. Brest konnt zwar fréi op 6:1 eropsetzen, mee d'Lëtzebuerger hu Charakter gewise a sinn duerch Goler vun Shikera, Eriksson an Sigouin bis op 6:4 erukommen, ma fir e Remis sollt et trotz enger staarker Schlussphas net méi duergoen.

Tornado bleift och no dëser Nidderlag weiderhin op der siwenter Plaz an der Tabell. Den nächsten Samschdeg geet et op Kockelscheier géint Reims. déi punktgläich op der sechster Plaz an der Tabell stinn.

Back to Top
CIM LOGO