World Challenge Cup am KonschtturnenQuentin Brandenburger wënnt Bronze um Barren

RTL Lëtzebuerg
An Ungarn um World Challenge Cup huet de Lëtzebuerger eng impressionant Leeschtung ofgeliwwert.
De Quentin Brandenburger huet d'WM an Holland fest am Bléck.
© René Pfeiffer

Zu Szombathely an Ungarn war leschte Weekend de World Challenge Cup am Turnen. De Lëtzebuerger Quentin Brandenburger huet dobäi um Barren d'Bronzemedail gewonnen.

Och an Ungarn dobäi waren den Joy Palermo, de Ben Mangen an de Ronan Foley. Dem Brandenburger war et als eenzege Lëtzebuerger gelongen, an zwou Finallen ze kommen.

De World Challenge Cup ass eng Aart Preparatiounstournoi op d'Weltmeeschterschaften am Turnen, déi Mëtt Oktober zu Rotterdam an Holland wäerten ufänken. Och doru wäert de Quentin Brandenburger deelhuelen.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO