Réckbléck op d'Triathlon-WMWéi hunn déi jonk Lëtzebuerger d'WM erlieft?

Bern Thill
RTL Lëtzebuerg
Mat der Linda Krombach, dem Sebastien Ziekman an dem Emile Vanolst waren dräi Lëtzebuerger Junioren zu Pontevedra dobäi.
Réckbléck op d'Triathlon-WM
Mat der Linda Krombach, dem Sebastien Ziekman an dem Emile Vanolst waren dräi Lëtzebuerger Junioren zu Pontevedra dobäi.

Enn September waren am spuenesche Pontevedra d'Weltmeeschterschafte vun de Junioren am Triathlon. Mat dobäi waren och dräi Lëtzebuerger Nowuesstalenter: d'Linda Krombach, de Sebastien Ziekman, Junior-Europameeschter, an den Emile Vanolst.

Nieft de wichtege Preparatiounen op d'Course an der Organisatioun vum ville Material, dat d'Athleete mat sech schleefen, bleift awer och am Héichleeschtungssport Zäit, fir Frëndschaften ze schléissen an ze fleegen.

D'Linda Krombach hat sech fir hir lescht Kompetitioun als Juniorin vill virgeholl a wollt mat de Weltbeschte mathalen. Bis dohin hat si bei groussen Evenementer ëmmer Pech. Si war als Drëtt aus dem Waasser komm, hat um Vëlo awer eng Chute. Fir déi Fënneft vun der Juniors-EM sollt um Enn déi 15. Plaz eraussprangen.

De Sebastien Ziekman koum als Fënnefte vun der Juniors-Europameeschterschaft op Pontevedra an huet domat zum Favorittekrees gezielt. Fir hie sollt eng 9. Plaz eraussprangen. Den Emile Vanolst huet bei dëser Kompetitioun seng éischt Erfarungen op deem Niveau gesammelt.

Back to Top
CIM LOGO