Zweete Grand-Slam-TitelZverev gewënnt US Open

AFP, iwwersat vun RTL
Bannent nëmmen e puer Méint huet den Alexander Zverev säin zweete Grand-Slam-Titel gewonnen.
TOPSHOT - Germany's Alexander Zverev celebrates defeating USA's Ben Shelton in the men's singles final tennis match on day fifteen of the US Open tennis tournament at the USTA Billie Jean King National Tennis Center in New York on September 13, 2026. (Photo by TIMOTHY A. CLARY / AFP)
Den Alexander Zverev huet d'US Open géint de Ben Shelton gewonnen.
© AFP

Den Alexander Zverev huet d'US Open am Tennis gewonnen. Dat a véier Sätz mat 6:3, 7:6, 5:7 a 6:2 géint den US-Amerikaner Ben Shelton.

No der Victoire zu Rolland Garros ass et direkt den zweete Grand-Slam-Titel fir de 29 Joer alen Däitsche bannent just e puer Méint.

Eréischt Ufank Juni bei de French Open hat den Zverev säin éischte Grand-Slam-Titel gewonnen a war e puer Wochen dono och an d'Finall zu Wimbledon komm.

Den Zverev ass deen zweeten däitschen Eenzelchampion zu New york nom Boris Becker 1989. Fir säin Erfolleg géint de Shelton huet den Zverev d'Rekordpräisgeld vu 5,5 Milliounen Dollar, also ronn 4,7 Milliounen, kritt. Den Zweeten op der Weltranglëscht war 2020 schonn eng Kéier an der Finall vun den US Open, hat awer deemools 2:0 géint den Éisträicher Dominic Thiem verluer.


De Weekend hunn och d'Frae bei den US Open gespillt:

Back to Top
CIM LOGO