
D'Spectateuren um Court Philippe-Chatrier kruten eng immens spannend Finall ze gesinn. Um Enn kann den Alexander Zverev no haardem Kampf säin éischten Titel bei engem Major-Turnéier feieren. No fënnef Sätz huet sech den Däitschen 6:1, 4:6, 6:4, 6:7 a 6:1 géint de Flavio Cobelli duerchgesat. De Cobolli hat sech zweemol no Réckstand zeréckgekämpft, gouf um Enn awer net belount. Virun allem de véierte Saz, deen am Tiebreak decidéiert gouf, hat et a sech.
Fir d'Nummer 3 an der Weltranglëscht war et déi insgesamt véiert Finall bei engem Grand Slam (US Open 2020, French Open 2024, Australian Open 2025), wärend et fir den Italieener Cobolli eng Première war. Seng bescht Placéierung bis elo war d'Véierelsfinall zu Wimbledon 2025. An der Halleffinall hat sech den Zverev a véier Sätz géint de Jakub Mensik duerchgesat, wärend de Cobolli vun engem Forfait vu sengem Landsmann Matteo Arnaldi profitéiert hat an insgesamt dräi Deeg Paus hat.
Fir den Zverev ass d'Victoire vun de French Open gläichbedeitend mat engem Präisgeld vun 2,8 Milliounen Euro. Och de Finalist Cobolli dierf sech iwwer 1,4 Milliounen Euro freeën.
Am Dammen-Dubbel hu sech d'Tschechin Katerina Siniakova an d'Amerikanerin Taylor Townsend den Titel geséchert. An der Finall huet d'Koppel, déi als Nummer 1 vum Turnéier gesat war, an zwee Sätz (6:2, 7:5) géint d'Serbin Aleksandra Krunic an d'Kasachin Anna Dalinina gewonnen.