An der Summer-Artbox vun dësem Weekend presentéiere mer Iech d'Expo Art2Cure, grad wéi de Kënschtler Max Dauphin.

"Konscht kann heelen" dat war 2014 de Motto wéi d'Initiative Art2Cure gegrënnt ginn ass. Kënschtler a Wëssenschaftler vun uni.lu schaffen hei zesummen. Vun all verkaaftem Wierk geet een Deel an d'Fuerschung fir neuro-dégénératif Krankheeten ze heelen.
22 Kënschtler maache bei der Editioun 2019 mat. Eng dovunner ass d'Julie Wagener, déi mat der Illustratioun schafft an hei Molereien ausstellt.
D'Ausstellung an der Galerie l'indépendance vun der BIL dauert nach bis den 13. September.

De Max Dauphin ass Moler an huet laang am Ausland gelieft a geschafft. Zënter 2 Joer ass en nees zu Lëtzebuerg an huet sech hei als Kënschtler installéiert. All seng Andréck aus de leschte Joren a Reesen an och d'Schrëfte vum Psychanalist C.G. Jung hunn hien inspiréiert fir déi Wierker, déi hien den Ament an der Abtei Neimënster weist.