Am Kloertext en Donneschdeg hu mir är Froen iwwert de Coronavirus un d'Spezialisten aus dem Gesondheetssecteur weiderginn.

Eist Liewen ass komplett op der Kopp. Lëtzebuerg ass den Ament am Krisenzoustand, d'Populatioun ass opgeruff, sou gutt et geet Doheem ze bleiwen! Et gëtt vill Solidaritéit a Kreativitéit, mä och Onsécherheet an Angscht.

Wei gëtt getest? Wéini si Medikamenter an Impfungen do? Wei laang dauert d'Epidemie hei am Land? Wéi héich ass d'Mortalitéit?

Mir sinn am Noutzoustand, bannent enger Woch huet eist Liewen esou radikal geännert, wéi kee sech dat konnt virstellen. Vun Dag zu Dag, bal vu Stonn zu Stonn kommen nei Informatiounen an och nei Mesuren a kee ka soen, wéi et genee virugeet, wéi laang dës Kris wäert daueren. De Gros vun der Populatioun huet sou lues verstanen, wéi eescht d’Lag ass, wann och nach ëmmer sech ganz vill Leit net un d’Consignen halen, fir Distanz ze halen. Virun allem awer stelle sech enorm vill Froen, virop medezinescher.

Wat wësse mir iwwert de Covid-19? Sinn d'Mesuren, déi getraff goufen, déi richteg? Wéi laang packt et eise Gesondheetssystem? Wien ass Risikopatient? Wéi ass et mat Tester, Vaccinen, Medikamenter?

Kloertext iwwer Coronavirus / Resumé vum Dany Rasqué

Invitéë waren

Dr Vic Arendt
Infektiolog CHL
Chef de Projet Retrovirologie CRP Santé Dr Gregor Baertz
Medezineschen Direkter vun den Hopitaux Robert Schuman
President CA LIH

Dr Stéphanie Obertin
Generalistin
Presidentin CMG

Anne- Marie Hanff
Infirmière
Presidentin ANIL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)