En Donneschdeg goung et an der Emissioun "Kloertext" ënnert anerem ëm den neiste Rapport vum Weltklimarot, Wiederextremer a Klimaziler.

Allerspéitstens no dësem Summer dierft kee méi un der Klimakris zweiwelen. Héichwaasser zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner, Bränn am Süde vun Europa a plazeweis Temperature vun bal 50 Grad! Eng Urgence, déi en Donneschdeg am Mëttelpunkt vum Kloertext op der Tëlee stoung.

Kloertext - De Resumé vum Dany Rasqué

Et ass eng Kris, déi vum Mënsch gemaach ass, hält de Weltklimarot a sengem 6. Rapport fest, an déi Jonk mobiliséiere weider. Zu Lëtzebuerg ruffe se e Freideg op e weidere Klimastreik op an ënnersträichen, datt SI déi sinn, déi fir d'Feeler an der Vergaangenheet musse bezuelen.

"Meng Generatioun an déi Generatioun no mir, mir sinn déi, déi domadder musse liewen, an déi, déi sech iergendwéi domadder mussen arrangéieren. Dat ass e Punkt, deen eis immens wichteg ass, well gläichzäiteg hu mir keng aner Méiglechkeet, fir op d'Strooss ze goen. Mir hu kee Stëmmrecht, dierfen néierens mat wiele goen, mussen awer um Enn d'Konsequenzen droen." Dat seet d'Zohra Barthelemy, eng 18 Joer jonk Aktivistin vu Youth for Climate. Méi Matsproocherecht fir d'Zivilgesellschaft am Allgemenge gëtt am Klimaschutzgesetz versprach, dat zejoert gestëmmt gouf. Et ass eng Plattform an en Observatoire virgesinn, déi elo och a Musek sollen ëmgesat ginn. Se stinn déi aner Woch um Ordre du jour vum Regierungsrot. D'Caroline Mart huet am Kloertext dem 1. Conseiller am Ëmweltministère, dem André Weidenhaupt d'Fro no der Verbindlechkeet vun de Recommandatioune gestallt, déi esou e Gremium mécht.

"De Kader vum Gesetz gesäit vir, datt d'Plattform an den Observatoire duerchaus der Regierung solle Virschléi maachen an et ass net ugeduecht, datt d'Regierung déi Virschléi dann net soll kucken."

De Kloertext am Replay

Un der Effikassitéit vun engem Gremium gëtt awer gezweiwelt.
De Fedil-Direkter René Winkin an de Pol Polfer vum Klimabündnis sinn net iwwerzeegt.

"Ech nennen dat ëmmer Houmassen. Där hu mir scho souvill gehat. Et weess een, wat muss gemaach ginn. Mir wëllen dat als Fedil ganz ganz aggressiv upaken. Mir komme mat konkrete Proposen. Dat do kann elo en Exercice ginn, deen eis iwwert déi nächst Wale rett", sot de René Winkin.

De Pol Polfer dozou: "Et ass eng Houmass an d'Regierung mécht dono mat dem 'Amen', wat si wëll, an ob dobäi wierklech eppes Konkretes erauskënnt, wat de Klimaschutz zu Lëtzebuerg virun dreift? Do sti ganz vill Fragezeichen am Raum."

Am Kampf géint d'Klima-Urgence fuerderen d'Invitéë méi Vitess, datt et bal ee Joer zu Lëtzebuerg dauert, fir e Klimaschutzgesetz ëmzesetzen, kritiséiert d'Zohra Barthelemy: "Déi Zäit kënne mir eis net méi leeschten! Dat fannen ech esou frappant. Datt et nach ëmmer sou lues virugeet an datt mer eis quasi net vun der Plaz beweegen."

Wéi urgent d'Situatioun ass, beschreift och de 6. Rapport vum Weltklimarot, an deem Experte sech eng éischte Kéier sécher sinn, datt de Klimawandel an domadder verbonnen extrem Situatiounen duerch de Mënsch gemaach sinn: "Zum Beispill déi Hëtztwell, déi mer an Nordamerika haten, déi wier ouni de mënschegemaachte Klimawandel quasi onméiglech gewiescht", sou den Andrew Ferrone vum Service Métérologique Landwirtschaftsministère.

Rieds goung och iwwert d'Käschte vun enger Transitioun, déi enorm héich sinn. Dat seet och de Pol Polfer vum Klimabündnis Lëtzebuerg, hien ënnersträicht awer, datt et méi deier gëtt, fir näischt z'ënnerhuelen an erënnert drun, datt am Juli zwou Nuechte Ree ganzer 160 Milliounen Euro Schued zu Lëtzebuerg gesuergt hunn.

Eis Invitéen:

Zohra Barthelemy
Youth-for-Climate-Aktivistin

Pol Polfer
Klimabündnis Lëtzebuerg

René Winkin
Direkter Fedil

Andrew Ferrone
Service Métérologique Landwirtschaftsministère
Expert beim Weltklimarot an der Weltklimakonferenz

André Weidenhaupt
1er Conseiller am Ëmweltministère

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)