En Donneschdeg den Owend hu 7 Lëtzebuerger Politiker an der Emissioun "Kloertext" iwwert den Etat de la nation geschwat.

Wat halen d'Vertrieder vun de 7 Parteien an der Chamber vun de Léisungsusätz, déi de Xavier Bettel dës Woch a senger Ried zur Lag vun der Natioun presentéiert huet? Huet de Premier mat senger Ried iwwerzeegt? Wat huet gefeelt? Ënnert anerem déi Froe stoungen en Donneschdeg am Zentrum vun der Emissioun Kloertext.

De Sven Clement vun de Piraten huet haaptsächlech bedauert, datt sech net agestoe géif ginn, datt d'Land Problemer hätt. Mesurë missten eng Kéier annoncéiert an dann och ëmgesat ginn.

"Anstatt, datt mer déi nämmlecht Projete souwuel am Etat de la Nation wéi am Budget net nëmmen eemol oder zweemol presentéiert kréien, mee dräi-, véiermol. Ech mengen, et hu schonn 3-4 Logementsministere Wunnen un der Wooltz an Elmen ageweit. An nach gëtt am Etat de la Nation dovu geschwat, wéi wann et dat Neistent wier. Da kënne mer den Exercice si loossen, well et da just drëm geet, e schéint Bild vu Lëtzebuerg ze zeechnen an et huet awer och méi elle Säiten."

Eng Kritik, déi den DP-Fraktiounschef Gilles Baum natierlech net sou wollt stoe loossen.

"Dat ass absolut falsch. Ech hunn eng determinéiert Ried héieren, eng Ried, déi no vir kuckt, mee och selbstkritesch war. A mir wëssen, wou mer nach mussen noleeën an ech mengen, datt mer dat all wäerten zesumme maachen."

Der Fraktiounspresidentin vun der CSV, Martine Hansen, no wiere ganz wichteg Punkte guer net ernimmt ginn. Si hat sech erwaart, datt a Punkto Steierreform eppes kéim.

"Dat war e Walverspriechen, op dat d'Leit gehofft haten, datt se zum Beispill Entlaaschtunge kriten, wat definitiv net komm ass!"

D'Myriam Cecchetti, Deputéiert bei déi Lénk, betount, datt een d'Pandemie an deem Fall net als Excuse notze kéint.

"Well et kann een och eng Steierreform maachen, andeems ee just dat, wat een huet, anescht verdeelt. Wa Millionären a Multimillionäre méi Steiere bezuelen, kann een déi verdeelen op déi, déi manner hunn."

D'Pandemie wier nun emol awer dertëscht komm, huet de Georges Engel, den LSAP-Fraktiounschef, argumentéiert.

"Mir si mol nach net aus der Pandemie eraus, dofir ass et net falsch, elo nach eng Kéier eng Stabilitéit ze kréien an dann am nächste Budget ze kucken, wat nach vu soziale Mesurë kann dra kommen."

Wat d'Reform vun der Grondsteier ugeet, war et d'Kritik vun der Oppositioun ënnert anerem, datt schonn X-Joren drop gewaart gëtt. De Fernand Kartheiser vun der ADR huet betount, datt fir seng Partei eng Steiererhéijung net d'Léisung wier.

"Well e Proprietär, deen eng Steier muss bezuelen an da verlount oder verkeeft, dee gëtt déi Steier virun, e bleift net drop sëtzen. Et ass also e Risiko, datt e Locataire oder anerer dat musse bezuelen. Mir haten dat schonn. Gambia huet jo TVA vun 3 op 17% fir verschidde Wunnengen eropgesat. An dann ass d'Konsequenz, datt de Locataire dono belaascht ass."

D'Martine Hansen huet dann nach betount, datt d'CSV sech a Punkto Grondsteier en Avant Projet de Loi erhofft hat, well et fir si ouni deen net wierklech realistesch wier, d'Gesetz an engem Joer virleien ze hunn, sou wéi de Premier dat annoncéiert huet.

Eis Invitée waren:

Gilles Baum
DP-Fraktiounspresident

Josée Lorsché
Fraktiounspresidentin vun déi Gréng

Georges Engel
LSAP-Fraktiounschef

Martine Hansen
Co-Fraktiounspresidentin vun der CSV

Fernand Kartheiser
adr-Deputéierten

Myriam Cecchetti
Deputéiert bei déi Lénk

Sven Clement
Piraten-Deputéierten

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)