D'Liv Jeitz-Wampach erzielt vun engem sexuellen Iwwergrëff an hirer Jugend a mir gi gewuer, wou de Mambo Schinki haut drun ass.

Sexuell Gewalt

Eng jonk Fra erzielt iwwert e schrecklech Erliefnes an hirer JugendMat 14 Joer huet d'Liz Jeitz-Wampach vun enger Musekskarriäre gedreemt a war e frouen Teenager. Bis déi sexuell Ugrëff vu sengem Museksproff dat jonkt Meedchen bal an den Doud gedriwwen hunn. Gewalt géint Fraen a Meedercher muss ophalen. Aktuell si mer jo och an der Orange Week, eng Zäit wou méi intensiv iwwer d’Thema informéiert a sensibiliséiert gëtt. D’Liv Jeitz-Wampach huet haut 21 Joer an erzielt wéi si déi schlëmm Zäit no der sexueller Gewalt iwwerstanen huet

De Mambo Schinki privat

Mir léieren dem Entertainer mat der Uergel seng roueg Säit kennen

Hien ass haart, opgedréint an e suergt fir Spaass. Bekannt ginn ass de Mambo Schinki, deen eigentlech Michel Juncker heescht, an der Sendung "Ben's Club". Mee wou ass de Mambo Schinki haut drun? A wéi ass den Entertainer privat? Mir konnten hien een Dag laang begleeden an de Mambo vu senger méi roueger Säit kenne léieren.