"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Den Dan Tanson mécht zënter ville Jore Kannerspektakelen hei am Land, mat deenen en awer och am Ausland optrëtt an esouguer Präisser kritt. Um Ufank war en do nach éischter Pionéier, mä haut tauchen ëmmer méi flott Produktioune fir Kanner op. Beim Jenny Fischbach erzielt hien doriwwer.

Ausserdeem geet den Dan Wiroth op d'Sich no verschwonnene Skulpturen an d'Patricia Baum schwätzt iwwer d'Expo "Quick and dirty".

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.