Invité: den Auteur Romain Butti, ausserdeem d'Expo "Figure in Print" an d'Assises sectorielles iwwer d'Rock/Pop/Electro/Hip Hop Musek zu Lëtzebuerg.

2018 huet de Romain Butti mam Theaterstéck "Fir wann ech net méi kann" den nationale Literatur-Concours gewonnen. Dëst Stéck ass alo ënnert dem Motto "The End my Friend" als multi-disziplinäre Projet online ze kucken. Doriwwer an iwwer seng Novell "Ein Jahr in Berlin" geet rieds mat him.

D'Sandy Elsen hëlt eis mat an d'Expo "Figure in Print", déi am MNHA an an der Nationalbibliothéik ze gesinn ass

An de Bob Konsbruck war bei den Assises sectorielles derbäi, wou eng Bestandsopnam vun der Rock-Pop-Electro an Hiphop-Musek zu Lëtzebuerg gemaach gouf.

No Art On Air aus dem Carré zu Hollerech – presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

Konsbruck
Chroniqueur