Invité ass den Auteur Jemp Schuster. Ausserdeem Konscht am Mini-Format an d'Band Kitshickers.

De Jemp Schuster ass Invité am No Art On Air a stellt säin neie Roman "Béischten" vir, ma hien zielt awer och iwwert d'One woman Show "d’Alice am Verwonnerland",  wou hie Regie féiert.

D'Valeria Wiwinius huet d'Band Kitshickers getraff a mat hinnen iwwert hiren 25. Jubiläum geschwat.

An de Julien Marcy stellt en neien Timber vir, dee vum Kënschtler Alain Welter entworf gouf.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.