No ART on AIR
D'Pianistin Chia Chia Lee
Invitéiert ass d'Pianistin Chia Chia Lee, ausserdeem dräi nei Ausstellungen am Mudam an déi fënnef Nominatioune fir de Servais Präis.
Dës Woch am No Art on Air stellt déi jonk Pianistin Chia Chia Lee hiren aktuellen Album (ré)inventions à deux pianos vir. Weider schwätzt si iwwert d'Theaterstéck Die Väter haben immer Recht am TNL.
D'Patricia Baum stellt dräi Kënschtler an hir nei Ausstellungen am Mudam vir. An d'Bea Kneip zielt eppes iwwert déi fënnef Bicher, déi dëst Joer fir de Servais Präis nominéiert sinn.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.
Am meeschte gelies