
Am Futtball stoung en Donneschdeg den Owend de 5. Spilldag an der Ligaphas vun der Europa League um Programm. Bournemouth, Mailand, Juventus an Hoffenheim konnten hir Matcher dréinen a sech iwwer Victoirë freeën. Donieft huet Leverkusen zu Zagreb gewonnen, Benfica huet däitlech géint Pilsen verluer a Lyon a Lillestrøm hu sech d'Punkte gedeelt.
An engem animéierte Match huet Olympiacos Piräus 2:4 géint den AC Mailand verluer. No enger hallwer Stonn huet de Maignan ee Kappball vum Pirola an den eegene Gol deviéiert an domat fir den 1:0 gesuergt. Kuerz nom Säitewiessel huet de Silva fir d'Griichen erhéicht. D'Mailänner sinn awer drubliwwen an hunn duerch ee schéine Solo vum Hutchinson de Wee zréck an de Match fonnt. No zwee weidere Goler vu Cisse a Pulisic haten d'Rossoneri d'Partie bannent 15 Minutte gedréint. An der Nospillzäit konnt de Moreira den Deckel dropmaachen a senge Faarwen domat déi zweet Victoire am fënnefte Match sécheren. Fir Olympiacos ass et dogéint déi éischt Néierlag.
Leverkusen konnt sech souverän bei Dinamo Zagreb duerchsetzen a bleift domat auswäerts ouni Punktverloscht. An der 10. Minutt stoung den Tillman no engem Corner goldrichteg an huet de Ball just nach missen iwwer d'Linn drécken. Kuerz virun der Paus huet de Quansah du mat engem schéinen Ofschloss op 2:0 erhéicht, woubäi et bis zum Schluss bleiwe sollt. D'Kroaten hunn am zweeten Duerchgang zwar méi probéiert, geféierlech ass et fir d'Werkself awer net méi ginn. Leverkusen läit domat weiderhin dräi Punkten hannert dem Tabellenéischten Bournemouth, dat mat just engem Géigegol aus den éischte fënnef Matcher.
Trotz Iwwerzuel an tëschenzäitlecher Féierung huet Celta Vigo sech doheem missen 1:2 géint Bournemouth geschloe ginn. Den Aspas huet d'Spuenier an der 19. Spillminutt a Féierung bruecht. Kuerz drop koum et nach méi déck fir d'Englänner, well den Diakité no engem haarde Foul vum Terrain gestallt gouf. Déi nach ongeschloe Gäscht hu sech awer net opginn a konnte kuerz no der Paus duerch ee Kappball vum Rodriguez egaliséieren. D'Galicier haten dunn däitlech méi vum Ball, am leschte Drëttel hu si sech géint eng gutt organiséiert Defense awer schwéier gedoen. Gutt 10 Minutte viru Schluss huet Bournemouth d'Haushären du mat engem Konter kal erwëscht an de Match duerch de Rayan gedréint. D'Ekipp vum Marco Rose huet deemno als eenzeg Formatioun weiderhi kee Punkt ofginn an den Ticket fir d'1/8-Finallen elo sou gutt wéi sécher.
Eng iwwerraschend däitlech Defaite gouf et fir Benfica Lissabon, déi bis ewell nach kee Punkt leie gelooss haten. Mat 0:4 huet ee sech auswäerts géint Viktoria Pilsen misse geschloe ginn, dat weiderhin ouni de blesséierte Leandro Barreiro am Kader. No enger ausgeglachener Ufanksphas hunn d'Tscheche bannent enger Véierelsstonn duerch Goler vu Hrosovsky, Adu a Kabongo op 3:0 gestallt. De Benfica-Defenseur Circati hat kee gudden Dag erwëscht an huet bei zwee Goler keng gutt Figur ofginn. Nom Säitewiessel huet de Kabongo no engem Konter nach een dropgesat an de Match domat definitiv entscheet. Fir Pilsen ass et réischt déi zweet Victoire an dëser Ligaphas.
Juventus Turin huet sech doheem 4:1 géint Omonia Nikosia duerchgesat a bleift domat ongeschloen. No enger Véierelsstonn war de Satka bei engem Corner un de Ball komm a konnt sou d'Féierung fir d'Zypriote schéissen. Déi sollt awer net allze laang halen, well de Cambiaso mat engem schéinen Distanzschoss ausgeglach huet. Kuerz virun der Paus huet de jonken Ekhator d'Partie zu Gonschte vun de Bianconeri gedréint. No ronn 70 Minutten hunn de Conceiçao an de Boga de Match du mat zwee weidere Goler entscheet, woumat d'Juve an der Tabell op déi 2. Plaz klëmmt.
Lyon huet déi éischt Hallschent géint Lillestrøm dominéiert, kloer Golchancë sinn dobäi géint eng kompakt norwegesch Defense awer kaum erausgesprongen. Nom Säitewiessel krut Lillestrøm d'Lokalekipp du besser an de Grëff, soudass et eng ausgeglache Partie mat wéinegen Occasiounen op béide Säite ginn ass. Déi bescht Chance vum Match haten d'Skandinavier no enger gudder Stonn duerch de Melland, säi Schoss war awer net placéiert genuch, soudass et beim 0:0 bliwwen ass.
Hoffenheim huet géint de Sturm Graz eng gutt Leeschtung gewisen, virum Gol ass d'Lokalekipp awer laang ze ineffizient bliwwen. Kuerz virun der Paus huet den Diakité no engem Corner den 1:0 fir d'Éisträicher markéiert. Och am zweeten Duerchgang hunn d'Sinsheimer sech ëmmer nees gutt Occasiounen erausgespillt, déi si ongenotzt gelooss hunn. Knapp 20 Minutte viru Schluss huet de Hlozek dunn egaliséiert, ier de Lemperle kuerz drop déi verdéngt Féierung geschoss huet. De Wimmer huet mam 3:1 kuerz viru Schluss fir d'Endresultat an domat fir déi zweet Hoffenheimer Victoire vun dëser Campagne gesuergt.
An der Conference League huet Iberia 1999 mam Vahid Selimović sech 1:0 géint Getafe aus Spuenien behaapt. Bei hirem éischte Succès an der Ligaphas huet de Selimović de ganze Match gespillt.
________________________________________________
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Europa League ze kommen.