Zënter Ufanks vum Joer18 Fäll vu Staupe hei zu Lëtzebuerg detektéiert

RTL Lëtzebuerg
Staupe ass e Virus, dee beim Fuuss optrëtt, och op eis Hausdéieren iwwerdrobar ass, an do dacks déidlech verleeft.
© PAUL FAITH / AFP

Vun 35 Echantillonen, déi dëst Joer bei Fuuss-Kadavere gemaach goufen, waren der 18 positiv, äntwert de Landwirtschaftsminister Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Guy Arendt.

Bis ewell gouf bei der Veterinärsverwaltung awer nach kee Fall vun der Staupe, der “Maladie de carré”, bei engem Hond gemellt. Et gëtt jo e Vaccin dogéint.

Back to Top
CIM LOGO