
Wéi d’Déiereschutzorganisatioun Animals Lebanon matdeelt, hätten d’Déiere wärend 10 Joer a vill ze klenge Käfeger gelieft. Dowéinst hätte si den Zoobesëtzer kontaktéiert an hien dovunner iwwerzeegt, d’Biere fräizeginn.
Nodeems si Berouegungsmëttel kruten, goufen d’Bieren an d’Haaptstad Beirut bruecht, wou et dunn a Richtung Colorado an den “Wild Animal Sanctuary” goung.
U sech wollten d’Déiereschützer d’Biere schonn 2019 ëmsidelen, mä d’Wirtschaftskris am Libanon an d’Corona-Pandemie haten hinnen e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
Syresch Brongbieren zeechne sech duerch hir kleng Statur aus an hiert hellt Fell. An der fräier Natur gëlle si a Syrien a Libanon als ausgestuerwen.
De Chef vun Animals Lebanon schätzt, dass den Homer an den Odysseus ongeféier 18 Joer al sinn a warscheinlech aus Osteuropa importéiert goufen.