Liederschildkröt am Ecuador90 Eeër fonnt - et gëtt erëm Hoffnung

RTL Lëtzebuerg
An engem Naturschutzgebitt am südamerikaneschen Ecuador goufen 90 Eeër vun der Deckelsmouk entdeckt, déi riskéiert, auszestierwen.
© AFP/Archiv/jody amiet

Dem ecuadorianeschen Ëmweltministère no goufen d’Eeër am Reservat Galera San Francisco an der Provënz Esmeraldas un der Grenz zu Kolumbien entdeckt.

D’Liederschildkröt mam wëssenschaftlechen “Numm Dermochelys coriacea” ass déi gréisst Schildkrötenaart vun der Welt. Ausgewuess ka si bis zu 3 Meter laang a bis zu 1 Tonn schwéier ginn.

An de leschte Méint koume méi wéi eng Kéier erfreelech Noriichten aus dem Ecuador, wat Liederschildkröten ugeet. Zanter Ufank Januar sinn an de Provënz Mananbi 70 Klenger geschlüpft. No dëser Entdeckung gouf e Gerät fir d’Iwwerwaachung vun der Temperatur installéiert, fir d’Entwécklung vun de klengen Deckelsmouke begleeden ze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO