Op der rouder LëschtAfrikanesch Bëschelefante vum Ausstierwe bedrot

RTL Lëtzebuerg
Bannent de leschte 50 Joer ass de Bestand vun dësen Déieren ëm 60 Prozent zeréckgaangen.
© AFP/Archiv/FLORENT VERGNES

An de leschten 30 Joer ass en esouguer ëm 86 Prozent geschrumpft. Dowéinst goufen d’Elefanten, déi an der Savanne liewen, vun Experten als vum Ausstierwe bedrot deklaréiert.

Als Grënn fir de Réckgang vun hirer Populatioun ginn illegal Juegten an d’Liewensraim genannt, déi ëmmer méi kleng ginn.

Virun annerhallwem Joerhonnert hu ronn 1,5 Milliounen Elefanten an Afrika gelieft. 2016 waren et der nach 415.000.

Back to Top
CIM LOGO