
Lo Mëtt August sinn dës Insekten am aktiivsten, ier se dann Ugangs September d’Enn vun hirem Liewen erreechen. Wéi gesäit sou een Harespele-Liewen aus a wéi huet ee sech am beschten ze verhalen, fir weder den Insekten nach sech selwer ze schueden?
Fir vill Leit sinn et lästeg Insekten, déi ee just picke wëllen. Dobäi sinn d’Harespelen net un eis, mä un eisem Iessen interesséiert. A wichteg fir eis Ëmwelt si se och dobäi och nach.
D’Lieke Mevis vun der Berodung Natur&Ëmwelt.
„Et ass awer wichteg am Hannerkapp ze behalen, datt se awer e wichtegen Deel an eisem Ekosystem ausmaachen. Also se fänken immens vill Insekte ewech, déi fir eis Schädlinge sinn. A se hunn eben eng wichteg Roll beim polloniséieren. Si maache wéi Béien och, se friessen Nektar an dat heescht si bestëbsen d’Bléien.“
Eng Harespel ass awer net ewéi déi aner:
„Hei zu Lëtzebuerg ginn et iwwer 300 Harespelsaarten, dovu sinn der 15, déi liewe sozial, déi bauen ee Nascht an déi aner sinn all solitär liewend Harespelen. A bei deene 15 verschidden Aarten, déi een Nascht bauen, dat sinn déi, di mir méi heefeg gesinn an do gëtt et vu bis. Et ginn der déi baue ganz kleng Näschter, et ginn der, déi baue ganz grousser an déi sozial liewend Harespele sinn e bësse vun der sozialer Struktur opgebaut wéi bei de Beien. Et gëtt eng Kinnigin, et gëtt Aarbechterinnen an et ginn Dronen.“

Wat den Hierscht méi no kënnt, wat Planze manner bléien an doduercher manner Fudder fir Harespele bidden. Bis Ugangs September mussen d’Larve vun den Harespelen awer nach gutt gefiddert ginn. Dowéinst siche se elo och méi dacks de Wee op eisen Teller oder an eist Gedrénks. Wa se da bis mol do sinn, gëtt ee se och net méi sou séier lass.
„Dat Allerwichtegst ass ëmmer roueg bleiwen. Keng Panik, wann een ufänkt wëll ronderëm ze fuchtelen, provozéiert een éischter Konfliktsituatiounen oder dass ee vun Ongléck eng dréckt oder sou an da gëtt een natierlech gepickt. Mä de Grond, firwat si sou hektesch ronderëm fléien, ass net wëll si elo speziell aggressiv ginn, mä einfach et huet domat ze dinn, dass si just schaf kënne gesinn, wann si schnell fléien. Bezéiungsweis si kënne just Objet’en schaf gesinn déi sech schnell beweegen. Vue dass mir an eis Telleren eis awer net schrecklech schnell beweege wa ma um Picknicksdësch sinn, mussen si sech séier beweegen, fir dass si schaf gesinn.“
Fir d’Harespele lass ze ginn, ass et dowéinst besser se mat der Hand douce op d’Säit ze drécken. Wéi huet ee sech da generell am beschten ze verhalen, fir sech géint Harespelen ze schützen?
„éischtens gutt oppassen, dass een effektiv net vun Ongléck eng mat an de Mond kritt, dass een d’Iessen, sou laang een net ësst, ofgedeckt léisst, dass ee säi Gedrénks och méiglechst ofdeckt an eben och vrun allem bei klenge Kanner awer mat engem Schallimo drénkt, well dat awer méi einfach ass ze kontrolléieren op do en Déierchen dra schwëmmt oder net. Bei de klenge Kanner och wierklech, direkt nom Iesse Mond an d’Hänn ofmaachen, fir dass dat net d’Harespelen ulackelt.“
Natur an Ëmwelt bitt Opklärung a Berodung am Ëmgang mat Harespelen. Bei Detailer verweise si op hir Hotline oder hiren Internetsite: naturemwelt.lu .