Klengt Déier ganz groussAss d'Rani déi klengste Kou vun der Welt?

RTL Lëtzebuerg
Dausende Leit hu sech a Bangladesch op de Wee gemaach, fir dat knapp 50 Zentimeter héicht Déierchen ze gesinn.
© Munir Uz zaman / AFP

Wéi et vun hire Besëtzer heescht, wier d’Déierchen 51 Zentimeter grouss an domat 10 Zentimeter méi kleng wéi d’Manikyam, déi den Ament am Guinness-Buch vun de Rekorder den Titelverdeedeger ass.

D’Rani ass 66 Zentimeter laang a bréngt grad emol 26 Kilo op d’Wo. Déi aner Kéi um Bauerenhaff sollen duebel esou grouss sinn, behaapt de Manager vum Haff M.A. Hasan Howlader. Bannent den nächsten 3 Méint sollen elo d’Auteure vum Guinness-Buch vun de Rekorder doriwwer entscheeden, ob d’Manikyam säin Titel behale kann oder net.

Ob klengste Kou vun der Welt oder net: D’Rani huet bannent kuerzer Zäit d’Häerzer vun den Déierefrënn eruewert ass ass e richtege Mediestar ginn. Weltwäit beriichten Zeitungen a Fernseesender iwwert de klenge Véierbeener. Allerdéngs muss den Undrang um Bauerenhaff a Grenze gehale ginn, recommandéiert den zoustännege Veterinär Sajedul Islam. D’Mënsche kéinte Krankheete matbréngen, déi d’Gesondheet vum Rani a Gefor brénge kéinten. Him no wier d’Gréisst vum Déierchen d’Resultat vun Inzucht.

Back to Top
CIM LOGO