Wat gesitt Dir?Ass hei e Mann mat Rucksak oder e Mupp am Schnéi?

RTL Lëtzebuerg
Eng Foto, déi op Facebook zirkuléiert, weist e Wiesen am Schnéi, dat een, jee no Bléckwénkel, anescht kann interpretéieren.
© Terri Babers / Facebook

Wéi d’Terri Babers aus Alaska hir Foto op Facebook gesat huet, war hir net bewosst, wat si domadder ausléise géif. Well hiert Bild eng ongewollten optesch Täuschung ass, ass et viral ginn.

Déi eng Leit gesinn hei eng Persoun mat Rucksak, déi aner awer e Mupp am Schnéi. D’Terri huet d’Rätsel dann och opgeléist. Et ass hire Pudel Bob Marley, deen hei an de Bëscher am Schnéi vun Alaska ënnerwee ass.

Back to Top
CIM LOGO