
E puer Persounen hate versicht, d’Déier anzefänken, awer ouni Succès. Zäitweis ass d’Kou am Beräich vun de Gleiser ënnerwee gewiescht, dofir huet den Zuchverkéier misse gestoppt an d’Streck gespaart ginn.
Fir weder vun hirem Besëtzer, nach vun anere Leit agefaangen ze ginn, ass si ëmmer nees an engem Rapsfeld verschwonnen.
Sonndegmoies ass d’Sich du weidergaangen. No 3 Stonne gouf der Police d’Déier nees gemellt, ma och dës Kéier huet et sech net afänke gelooss an ass op eng Wiss gelaf, wou de Bauer d’Kou dunn am A behale konnt.
D’Rettungsaktioun hat e gréisseren Impakt op den Zuchtrafic. 22 Maschinne ware betraff. Zesummen haten d’Zich 712 Minutte Verspéidung, eng Zuchverbindung ass komplett ausgefall, 3 weiderer just zum Deel.