
Net nëmme ginn d’Recolte vun de Baueren noenee geplëmmt, ma déi asiatesch Elefanten hannerloossen och nach e grousse Schued. Wéi déi staatlech Tëlee a China mellt, hunn déi 15 Elefanten ënnert anerem e komplette Waassertank eidel gedronk an hu sech op engem Maisfeld an an enger Scheier sat giess. Zënter Mëtt Abrëll huet den Trapp ronn 56 Hektar Felder zerstéiert, de Schued beleeft sech bis ewell op 872.000 Euro.
Déi grouss Déiere stinn a China ënner Schutz. Wisou déi 15 Elefanten de Xishuangbanna-Nationalpark verlooss hunn, ass genee sou onkloer wéi d’Zil vum Trapp, dee bis ewell scho ronn 500 Kilometer zeréckgeluecht huet.
Honnerte Mënsche sinn den Ament dann och am Asaz, fir d’Populatioun virun den Elefanten ze schützen. Verschiddener probéieren, fir d’Déiere mat Fudder a gespaarte Stroosse vun hirem Besëtz ewechzehalen. En Dënschdeg koumen déi 15 Déieren an enger Stad net wäit vu Knming ewech un.