14 Geessen a 6 Schof si bei der Kollisioun ëm d’Liewe komm. Wéi et vun der Police heescht, hätt eng Fra d’Déieren iwwert d’Bundesstrooss 87 geleet, wéi et zum Accident koum.
D’Strooss huet misse wärend e puer Stonne fir den Trafic gespaart ginn.