Matbewunner op 4 BeenBal 35 Milliounen Déiere liewen an däitsche Stéit

RTL Lëtzebuerg
Praktesch d'Hallschent vun alle Stéit an Däitschland hat d'lescht Joer en Déier als Matbewunner.
© AFP

Dat hunn den Industrieverband Heimtierbedarf (IVH) an den Zentralverband Zoologischer Fachbetriebe Deutschlands (ZZF) e Méindeg matgedeelt. Deemno gouf et 34,9 Millioune Muppen, Kazen, kleng Déieren a Villercher als Hausdéieren. Knapp eng Millioun méi, wéi d’Joer virdrun. Dat heescht, datt a 47% vun alle Stéit op d’mannst een Déier gelieft huet.

Net bei de bal 35 Milliounen Hausdéiere matgezielt, goufen déi sëllege Fësch an Déieren an Terrariumen.

Zu de beléiftsten Déieren an Däitschland zielt d’Kaz, mat 15,7 Milliounen. Duerno de Mupp mat 10,7 Milliounen, 5 Millioune méi klengen Déieren (Hamsteren, Kanéngercher, etc) an 3,5 Millioune Villercher.

Dass Kaze besonnesch beléift sinn, wier am Hibléck op d’Pandemie net ganz onerwaart komm.

Back to Top
CIM LOGO