E gudden Appetit!Bambuskuch fir Berliner Pandazwillingen

RTL Lëtzebuerg
D'Pandazwillinge Pit a Paule hunn hiren zweete Gebuertsdag mat engem Bambuskuch gefeiert.
© AFP/John MACDOUGALL

Allerdéngs kéint et de leschte Gebuertsdag sinn, den déi zwee Pandaen zu Berlin feieren, esou den Direkter Andreas Knieriem. Nach géif awer net feststoen, wéini a wouhin de Pit an de Paule plënneren.

An der Reegel ginn déi Kleng am Alter vun 2 bis 4 Joer vun hirer Mamm getrennt. Obwuel déi zwee ronn 60 Kilogramm vun hirem Liblingsiesse Bambus kréien, drénken de Pit an de Paule geleeëntlech nach Mëllech bei hirer Mamm.

Fir de Gebuertsdag sinn d’Pandazwillinge mat engem Bambuskuch verwinnt ginn, dee mat Äppel, Pandakichelcher a Roude Rommele beluecht war. Antëscht weien déi zwee, déi op chinesesch Meng Xiang a Meng Yuan genannt ginn, ewell 65 Kilogramm. Informatioune vum Berliner Zoo no hunn déi zwee bei der Gebuert knapp esou vill gewien ewéi eng Tablett Schockela.

D’Zwillinge waren den 31. August 2019 op d’Welt komm. Si waren den éischten Pandanowuess an Däitschland. Hir Mamm Meng Meng an hire Papp Jiao Qing sinn 2017 aus China op Berlin komm fir de 75. Joresdag vun den diplomatesche Bezéiungen tëschent China an der Bundesrepublik. Weltwäit ginn et nach ronn 1860 ausgewuesse Pandaen, déi nach fräi liewen.

Back to Top
CIM LOGO