Côte d'Ivoire schléit AlarmBestand un Elefanten ass drastesch zeréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Ofholzen an der illegaler Juegd sinn d'Elefanten op der Elfenbeinküst vum Ausstierwe bedrot.
© AFP/Sia KAMBOU

Bannent de leschten 30 Joer ass de Bestand ëm 50 Prozent zeréckgaangen, huet den zoustännege Ministère e Mëttwoch matgedeelt. An de 60er Joren hunn nach ëm 100.000 där Déieren am Land gelieft, den Ament sinn et manner wéi 500 Stéck. Iwwer 200 Déierenaarten, déi op der Côte d’Ivoire liewen, sinn den Ament vum Ausstierwe bedrot.

Als Grond dofir ginn d’Ofholzung an illegal Juegd genannt. An de leschte 50 Joer goufen 90% vun de Bëscher ofgeholzt. Déi fréier franséisch Kolonie ass ee vun de gréissten Exporteure vu Kakao, mat 40% um Weltmaart. Och den illegalen Handel mat Elfebeen dréit dozou bäi, dass ëmmer méi Elefante stierwen. Nieft dem Handel mat Drogen a Waffe gëllt dee mat Elfebeen als besonnesch lukrativ. Fir 1 Kilo kënnen Interessente bis zu 7.000 Euro op den Dësch leeën.

Back to Top
CIM LOGO