Vill Alldagsgéigestänn kënne gutt recycléiert ginn 97% vum Material vu Spraydouse ka recycléiert ginn

IPL - sponsored content
Dat heescht an dësem Fall, datt dat gewonnent Material erëm zeréck an de Kreeslaf kann an net verluer ass. D'SDK spillt hei eng Schlësselroll.
© SuperDrecksKëscht

SDK: Publi 29.01.2026

Spraydouse bestinn dacks aus Aluminium, e Material, wat gutt ze recycléieren ass, Chiara Wohl:

Ville Leit ass net bewosst, wéi vill Material vu Spraydouse ka recycléiert ginn. Mir schwätzen hei vu ronn 97% Matière, déi zeréck an de Kreeslaf ka bruecht ginn.
Beim Recycléiere soll een awer oppassen: Spraydouse stinn ënner Drock, duerch dee bestëmme Gas, mat deem se gefëllt sinn. Dofir soll een eng Spraydous och ni an der Sonn oder bei engem Heizkierper leie loossen.

Spraydousen am Allgemenge kennt een, mee wat genau fält alles an dës Kategorie?

Dorënner falen déi alldeeglech Produite wéi Raséierschaum, Deo, Hoerlack oder Schlagsan, mee och PU-Schaumdousen, déi mat Montagenschaum gefëllt sinn.

Wat ka vu Spraydouse recycléiert ginn?

Et si metalle Behälter aus Aluminium, mat engem Plastiksdeckel. Alles Materialien, déi recycléiert kënne ginn. Reschtgasen aus de Behälter kënnen thermesch verwäert ginn. Bei enger PU-Schaumdous sinn et am Duerchschnëtt 70% vun de Materialien, déi zeréckgewonne kënne ginn. De Rescht dovu gëtt och thermesch verwäert.

Wou soll ee Spraydousen oder PU-Schaumdousen ofginn a wat geschitt dann domadder?

Spraydousen a PU-Schaumdousen kann een entweder am Ressourcenzenter oder bei eiser mobiller Sammlung ofginn. Dëst natierlech gratis. Déi kommen dann op Colmer-Bierg an de Logistik-Zentrum a wa mir eng gewësse Quantitéit zesummen hunn, ginn dës bei e vun eise Partner hei an Europa, wou se da fachmännesch recycléiert ginn.

Méi Informatiounen och op sdk.lu

Back to Top
CIM LOGO