
D'SDK Akademie huet en neien Atelier fir Lycéesklassen an engem spannenden Escape Game Format. Wourëms et do geet huet d'Natacha Dell vun der SDK Adademie dem Nico Thielen erkläert.
Am Escape Game kommen d'Schüler an eng Situatioun, wou d'SDK gehackt gouf an si mussen en Noutfallcode erausfannen, fir d'Attack ofzewieren. Fir dëse Code erauszefannen, mussen si Rätselen léisen wou et em d'SuperDrecksKëscht, geféierlech Offäll, richteg Offalltrennung an Offallvermeidung geet. Dofir hunn si och nëmmen eng limitéiert Zäit fir den Drock, an natierlech de Spaass, ze erhéijen.
Wéi genau leeft d'Aktivitéit of?
E Formateur oder eng Formatrice vun der SDK Akademie kënnt an de Lycée a bréngt d'Material fir den Atelier mat. D'Klass gëtt dann a Gruppen opgedeelt, et gëtt e Video als Intro gewisen an da kann et scho starten. D'Schüler schaffen dann haaptsächlech mat engem Handbuch, wou vill Infos an Hiweiser ze fanne sinn. Si mussen awer och e bëssen Detektivaarbecht maachen mat Decoderscheiwen, UV-Luucht, Schlässer knacken, fir kënne weiderzekommen. D'Formateure sinn natierlech do, falls e Grupp net weider kënnt an Hëllef brauch. Di éischt Grupp, déi et packt den Noutfallcode erauszefanne gewënnt, a kritt och e klenge Kaddo. Am Uschloss gëtt nach en Debriefing gemaach, wou d'Thematiken aus dem Spill rëm opgegraff a verdéift gi fir ze garantéieren, dass d'Schüler eppes mathuelen.
D'Aktivitéit dauert am ganzen zwou Schoulstonnen an ass am Moment éischter fir den Cycle Inférieur geduecht. Wéi kann den Atelier gebucht ginn?
Dat ass ganz einfach, do kann een sech entweder iwwert eis Websäit, also akademie.sdk.lu, mellen oder iwwer E-Mail un akademie@sdk.lu. Mir hunn awer och alleguerten eis Aktivitéiten op der Plattform Extraklass. Am Moment bidde mir den Atelier just mat däitsch-sproochegem Material un, vue dass mir nach an enger Testphase sinn. Mir wëllen an Zukunft awer och d' Méiglechkeet bidden, se op franséisch an englesch ze maachen. Méi op sdk.lu.