
Den Nico Thielen huet beim Chiara Wohl nogefrot wéieng Offäll oft falsch entsuergt ginn:
Mir bemierken ëmmer erëm, dass nach vill geféierlech Offäll wéi Batterien oder Spraydouse falsch entsuergt ginn. Dobäi brauch et just e puer Handgrëffer Oder gewësse Gewunnechten ze änneren.
Dir start d'nächst Woch mat enger neier Campagne, wourëms geet et do?
De Slogan vun der Campagne heescht: „All klenge Geste huet ee groussen Effekt." Hautzudaags kënne bis zu vun den agesammelten Offäll, wann se richteg entsuergt ginn, zum Gréissten Deel recycléiert ginn. Mat dëser Campagne wëlle mir de Leit, einfach a kuerz erklären, wéi eng Offallprodukter vun der SDK gesammelt ginn.
- Wat sinn dat fir Produite?
- Wou fannen ech se a mengem Alldag?
- Wat kann een domadder maache, wann se richteg entsuergt ginn?
- Wéi entsuergen ech se richteg?
An domadder weist dir, dass ee manner an de Reschtoffall soll geheien.
Kanns de eis villäicht Schonn e klenge Virgeschmaach ginn?
Beispill vum Frittefett kenns de? Doraus mécht ee Biodiesel. Wosst de schonn, dass aus dem Metall vu recycléierte Spraydousen, nei Produkter fir an der Metallindustrie kennen hiergestallt ginn? All klenge Geste huet ee groussen Effekt,
Fir all d'Informatioun gitt op www.sdk.lu.