Vill Alldagsproduite soll een fir se wechzegeheie bei d'SDK bréngenWat genau kann ee bei der SDK ofginn?

IPL - sponsored content
De richtegen Tri ass wichteg d'Ëmwelt, fir Ressourcen wéi Metaller nees zeréckzegewannen a schount de Portmonni, well déi schwarz Poubelle kascht, an fir Bierger entsuergt d'SDK gratis!
© SuperDrecksKëscht

Den Nico Thielen war zu Miersch am Ressourcenzenter fir d'Chiara Wohl vun der SDK ze interviewen.
Et kéint ee scho bal soen et wier onméiglech net mat der SDK a Beréierung ze kommen! Wéi eng Offallproduite kann ee bei der mobiller Sammlung, oder am Ressourcenzenter zu Miersch fir d'SDK ofginn?

Dat geet vu Medikamenter / Kosmetik, Faarwe/Lacken, Spraydousen iwwer Batterien, kleng Elektro- an Haushaltsapparater, Datenträger (CD/DVD) Oder Rëntgen, Frittefett an alen Ueleg, Bieren- an Energiespuerluuchte bis zu Gaskartuschen a -Fläschen Tonerpatrounen a -Kartuschen.

Dir bekëmmert iech, net nëmmen em d'Asammele vu geféierlech Produiten?
Nieft de Produiten, déi vun eis gesammelt ginn, si mir och an anere Beräicher vertrueden. Fänke mir do mat eise Klengsten un: do hu mir SDK Akademie mat Aktivitéiten an de Schoulen, Oder fir Weiderbildunge fir Betriber. Berodung an de Betriber fir eng nohalteg Offallgestioun Kommunikatiounsaarbecht wéi Infoblieder fir d'Gemengen, eis Social Medias Oder Interviews fir opzeklären an ze informéieren.

D'SDK bitt de Bierger och Sammelkëschten un, wou een d'Produiten dra sammele kann?
Déi si dofir geduecht, dass een seng SDK Produiten einfach a bequeem Doheem op enger Platz sammele kann. Fir se derno entweder bei de Mobiller Sammlung, bei der Haus-zu-Haus Sammlung Oder am RC kann ofginn. Frittefett Eemer (5L), Sprëtzebehälter, Këschte fir d'Briqueten, Batterië-Sammelkëschte vun Ecobatterien, alles Gratis.

All klenge Geste huet ee groussen Effekt, dat ass de Slogan vun der SDK. All d'Informatioun op www.sdk.lu.

Back to Top
CIM LOGO