Zu Miersch um Ressourcenzenter SIDECMam SIDEC fannen al Saachen nei Besëtzer

IPL - sponsored content
Vu Recycling bis Reuse: De Raymond Closter erkläert, wéi de SIDEC an d'SDK dofir suergen, datt wäertvoll Materialien net verluer ginn.
© Superdreckskëscht

19.11.2026 - SDK Interview mam Raymons Closter

Den Nico Thielen hat de Raymond Closter, de Responsabele vum Ressourcepark am Interview.

Wéi eng Offäll ginn an de SIDEC-Ressourcenzentere gesammelt?

Den SIDEC-Ressourcenzentere gëtt eigentlech eng grouss Vilfalt vu Materialien an haushaltsübleche Mengen ugeholl. Mir leien do mat iwwer 30 verschidde Materialien. Als Beispill hu mer Holz, Gips, Bauschutt, Gréngschnëtt, Glas, Pabeier, Kartong an esou weider. Natierlech net ze vergiessen: déi geféierlech a schiedlech Stoffer, déi vun eisem kompetente Partner der SDK, d'Superdreckskëscht vu Colmer, dann och entspriechend entsuergt ginn.

Déi kann een hei ofginn, dat kennt een. Wat geschitt duerno mat de gesammelten Offäll?

Déi gesammelt Materialien, déi gi bei eis hei an deene grousse grénge Containeren, gesammelt an duerno an déi entspriechend Verwäertungs-a Behandlungsanlagen transportéiert. Do géif ech dann och d'Leit bieden, vläicht e bëssen Nosicht mat eise Chaufferen ze hunn. Wann Der e grousse Camione virun Iech hutt mat grénge Containeren, déi si voll gelueden an déi kommen Iech och net ëmmer direkt aus de Féiss. Hutt e bëssen Nosiicht mat deene Jongen, déi maachen hiert Bescht. Dann an den Anlagen ukomm, do gëtt alles nach eng Kéier e bëssen nosortéiert, sou gutt wéi et geet, an dann déi entspriechend Produkter, Rohstoffer, déi ginn dann nach eng Kéier genotzt, fir nei Produkter hierzestellen.

Wat sinn d'Reuse -Aktiounen an de SIDEC-Ressourcenzenteren?

Déi Reuse-Aktiounen, do ass eng Saach, déi ganz gutt ukënnt, dat ass d'Spillsaachenaktioun. Dann hu mer d'Fréijoer-, d'Gaardesaachen, mir hunn an der Kichen hu mer Saachen, déi vereenzelt dann am ganze Joer duerchlafen. Do sinn der natierlech och nach méi. D'Leit bréngen et hei hinner, mir kucken déi Saachen, déi mir nach fir gutt empfannen, ginn an d'Regal geluecht an anerer kënnen da kommen an déi ganz einfach mathuelen.

Fir all d'Info gitt Der op sidec.lu

Back to Top
CIM LOGO