Hutt dir Iech dat och scho mol gefrot?Wat geschitt mat eisen alen elektreschen Apparater?

IPL - sponsored content
D'Ecotrel ASBL ass en Organismus, deen 2004 gegrënnt gouf a vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit agreéiert ass. D'ASBL organiséiert zu Lëtzebuerg d'Sammlung an d'Veraarbechtung vun Offäll aus elektreschen an elektroneschen Apparater (DEEE).
© Ecotrel

2025 goufen 6,5 Tonnen esou Aparater hei am Land gesammelt! Vun 12000 Aparate goufen der bal 10 000 erëm an den Ëmlaf bruecht.
Den Nico Thielen an den Andy Maxant, Direkter vun der Ecotrel kucken hannert d'Kulissen:

Wann een en alen Apparat an engem Ressourcenzenter oder bei enger Collecte mobile vun der Superdreckskëscht ofgëtt, wat geschitt dann duerno domadder?

Mir hunn am Fong schonn zwee Typpe vun Elektroschrotten: De problemateschen an den onproblemateschen. An den Onproblemateschen, dat sinn kleng oder grouss Apparater wéi Ecranen. Wat déi meescht Leit net wëssen, déi ginn schonn hei zu Lëtzebuerg depolluéiert, zu Beetebuerg. Depollutioun, dat heescht haaptsächlech Batterien dovunner eraushuelen, mee och déi verschidde Fraktiounen ze trennen, fir da besser Ressourcen dovunner eraus ze kréien.

Dir sot d'Batterien eraushuelen, firwat ass dat sou wichteg?

D'Batterien, déi mussen op hir reegele Schinne goe fir recycléiert ze ginn. Dat heescht, si ginn net an der selwechter Anlag recycléiert wéi den Elektroschrott. An dat ass och e geféierlechen Offall. Mir kennen all déi Sekuritéitsproblemer mat de Lithiumsbatterien, Dat ass och eppes, wat op Niveau Ëmwelt ganz, ganz schro ass.

Wat geschitt duerno mat deene Matièren, déi do erausgeholl ginn.

Mee déi Matière, zemools an der aktueller geopolitescher Situatioun, déi si ganz wäertvoll. Déi ginn einfach erëm an d'Industrie matgeholl, fir dann erëm nei Produiten ze entwéckelen.

An dann zum Schluss hutt Der nach vläicht e puer Tipps, fir de Leit matzeginn, déi nach Saachen doheem stoen hu vun Elektrogeräter, déi se net méi gebrauchen?

Also mir hunn all déi Tendenz do, Saachen ze halen, "au cas où" seet een ëmmer. Ech kann nëmme roden, déi Saachen erëm zréckzebréngen, wann ee wierklech mierkt, datt ee keng Utilitéit méi fir déi Saachen huet. Dat si wierklech wichteg Matière première fir eis.

Wann d'ECOTREL ee Message nach ka matginn, dann den Elektromenager net an d'Poubelle geheien!

All d'Informatiounen a flott Erklärungsvideoen och op www.ressourcen.lu an op sdk.lu.

Interview Ecotrel: Andy Maxant - 03.11.2026

Back to Top
CIM LOGO