Ressourcë schounen als BetribDe Label SDK weist Betriber déi nohalteg mat Ressourcen ëmginn

Nico Thielen
Wéi een als Bierger dovu profitéiert gitt Dir an dësem Artikel gewuer.
© SuperDrecksKëscht

18.12.2025 - SDK - Chiara Wohl

De Label SDK steet fir en nohaltegen Ëmgang mat eise Ressourcen an den Entreprisen, wat genau dat heescht erkläert d’Chiara Wohl:
De Label steet zum Beispill konkret fir d‘Vermeidung vum Offall an de Klimaschutz. Et ass e Label den sech u Betriber richt, déi weise wëllen, datt hinnen eis Ëmwelt net egal ass an, datt si sech nohalteg engagéieren. D’Superdreckskëscht steet hinnen heibäi och mat gratis d‘Berodung zur Säit.
De Label riicht sech awer net just u grouss Entreprisen oder Administratiounen:
Genau, well et ass egal op een e groussen oder klenge Betrib ass, jidderee ka matmaachen. Et kann ee sech genau esou gutt als Handwierksbetrib, wéi als Geschäft oder Restaurant engagéieren fir de Label SDK ze kréien. Ronn 6000 Betriber sinn ugeschloss, a méi wéi 3500 si mam Label SDK ausgezeechent.
Wéi profitéiert een dann als Client dovunner ?
Als Client, soll een op Betriber déi mam Label ausgezeechent goufen, zeréck ze gräifen. Esou ënnerstëtzt een net nëmme lokal Betriber, Geschäfter oder Restauranten, mee och Betriber, déi sech fir eis Ëmwelt asetzen an deenen eis natierlech Ressourcen um Häerz léien.
Wéi gesinn ech dann als Client, ob e Geschäft oder Restaurant de Label SDK huet?
Un der SDK Label Plaquette, déi oft an de Entrée steet oder un der Mauer hänkt, oder um Autocollant mam Label SDK. Och Online fënnt een de LableSDK op de jeeweilegen Internetsiten an Social Media.
Méi Informatiounen och op sdk.lu a méi iwwert de Label SDK hei.

Back to Top
CIM LOGO