
D’Chiara Wohl vun der Superdreckskëscht, erkläert eis wat genee de Produktlexikon ass: Wéi den Numm et scho seet eng Aart online Dictionnaire, an deem Produiten opgelëscht sinn, iwwert déi d’SDK informéiert an opkläert. En ass online einfach iwwert den SDK Site zougänglech, an dat op Däitsch, Franséisch an Englesch.
Mee sinn do nëmmen SDK‑Produiten opgelëscht?
Net nëmmen: De Lexikon ënnerscheet tëscht problemateschen an net‑problematesche Produiten a deckt eng breet Pallett of. Dëst geet vun Textilien, Holz a Pabeier bis bei Medikamenter, Faarwen oder Chemikalien. Esou gëtt séier kloer, wéi een all Produite richteg sortéiert.
A wat fir Informatioune fënnt een do genau?
Kucke mir eis beispillsweis d’Medikamenter un: Nieft allgemengen Informatioune kritt een och konkret Vermeidungstipps, esou wéi eng Erklärung dozou, wat mat dësen Offäll geschitt, nodeems een se am Ressourcenzenter oder bei der mobiller Sammlung ofginn huet. Doriwwer eraus gëtt et detailléiert Infoblieder, déi och de Gemengen zur Verfügung gestallt ginn, an zousätzlech Informatiounen zur Kosmetiksammlung, déi zesumme mat de Medikamenter agesammelt gëtt. Ausserdeem weist de Lexikon direkt aner Produktgruppen u wéi Brëller oder Sprëtzen iwwer déi een sech och weider informéiere kann.
Déi selwecht Informatioune fënnt een och an den Infoblieder vun der SDK oder op hire Soziale Medien an op hirem Site .