
Gasen an Drockbehältere sinn am Alldag vill méi verbreet, wéi vill Leit mengen. Ob Spraydousen, Feierläscher, PU-Schaumdousen oder Gasfläschen. Zu de Gasfläschen zielen och Helium- a Campinggas, déi oft fir Ballonen oder Outdoor-Aktivitéite benotzt ginn. D’Chiara Wohl vun der SuperDrecksKëscht erkläert dem Nico Thielen am Interview, dass dës Behälteren ënner Drock stinn a speziell behandelt musse ginn, well se eben ënner Drock stinn. Dat ass wichteg, well se deelweis geféierlech Stoffer enthalen, an bei falscher Entsuergung explodéiere kënnen oder d’Ëmwelt schiedegen.
Wat soll ech maachen, wann ech eng Gasfläsch oder en Drockgasbehälter net méi brauch?
Ganz wichteg ass, datt dës Produiten op kee Fall am Reschtoffall dierfe landen. Se solle bei der SuperDrecksKëscht oder an engem Ressourcenzenter ofgi ginn, dëst gëllt och, wann se net komplett eidel sinn. Jee no Verkeefer kann een se och erëm do ofginn, wou een se kaf huet. Bei richteger Entsuergung kënnen, jee no Behälter, tëschent 70 an 92 Prozent vun de Materialie recycléiert a weiderverschafft ginn.
Wéi ass et speziell mat Heliumgasfläschen?
Besonnesch Heliumfläschen, wei se zum Beispill fir Ballone benotzt ginn, si meeschtens Drockbehälter a gehéieren och net an de normale Offall. Dës solle komplett eidel gemaach an duerno korrekt bei enger Sammelstell ofgi ginn.
Wéi gesäit et mat Laachgas aus? Dat huet een eischter net Doheem oder?
Laachgas kennt een aus der Medezin als Betäubungsmëttel oder aus der Liewensmëttelindustrie fir Schlagsan hierzestellen. Dës gëtt och mëttlerweil ëmmer méi "zweckentfremdet", mee och hei gëllt et, wa se eidel sinn, oder een se net méi brauch, soll een se net einfach an d'Natur geheien, mee beim Ressourcenzenter oder der Mobiller Sammlung vun der SuperDrecksKëscht ofginn.
All Informatioune heizou fannt Dir och op sdk.lu.