Si wëllen als Firma e Virbild a Saachen Nohaltegkeet duerstellen:D'Superdreckskëscht kontrolléiert sech och selwer

RTL Lëtzebuerg
De Klimaschutzbericht deen d'Superdreckskëscht publizéiert betrëfft hier eegen Aktivitéiten als Firma a gëtt vun drëtte kontrolléiert.

Den Thomas Hoffmann vun der Superdreckskëscht këmmert sech em intern Froe vu Klimaschutz an Nohaltegkeet bei der SDK. Doduerch datt d’Superdreckskëscht sech mam Entsuerge vun Offäll befaasst, huet dat natierlech och e positiven Impakt op de Klimaschutz.
D’SDK probéiert hei e méiglechst héijen Deel enger Verwäertung zouzeféieren, dee Moment gëtt e “sekundäre Rohstoff” kreéiert.
Am Kimaschutzbericht gëtt analyséiert wéivill CO2 d’SDK verbraucht, mat Heizung, Transport an aneren Aktivitéiten. Esou kritt een Unhaltspunkte wat ka verbessert ginn!
Méi Detailer kritt der am Interview an op SDK.lu.

Ënnerwee mat der SDK - Thomas Hoffmann

sdk.lu
Klimaschutzbericht vun der SDK

Back to Top
CIM LOGO