Ofgebrannte Käerzen en zweet Liewe ginnD'SuperDrecksKëscht sammelt Käerzen an hir Wuesreschter

IPL - sponsored content
Heiraus entstinn da spéider nei, lokal produzéiert Käerzen.
© Superdreckskëscht

SDK OEKO-SERVICE LUXEMBOURG SA

Käerzen déi nëmmen zum Deel ofgebrannt sinn, kënne weiderveraarbecht ginn. D’Reschter kann ee bei der SDK ofginn, Chiara Wohl:

Jo, well Käerze sinn net nëmmen e schéinen Deko Artikelen, mee och eng wichteg Ressource. Onbenotze Käerzen oder Wuesreschter sollen dofir net iwwert de Reschtoffall entsuergt ginn. Et kann een se am Ressourcencenter oder bei der mobiller Sammlung vun der SDK ofginn.
Et kann ee Käerzen- a Wuesrechter ofginn wéi och beispillsweis vum Adventskranz, zum Deel ofgebrannten oder onbenotzte Käerzen ofginn. Et ass och egal, ob des mat oder ouni Geroch sinn.

Wat een net däerf ofgi si Käerzen an engem Glas, oder Plastik Behälter. Wann een Téiliichter huet, soll een den Aluminium virdrun erofhuelen.

Käerze sinn u sech kee “geféierlechen Offall wéi et bei der SDK üblech ass, wat mécht d’SuperDrecksKëscht dann domat?
Dat ass richteg, dofir leeft och just d’Sammlung vun de Käerzen iwwert d’SuperDrecksKëscht of. Déi agesammelt Käerzen- a Wuesreschter kommen an enger éischter Etapp bei eis op de Colmer-Bierg, wou eng éischt Iwwerpréiwung an Zortéierung vun den agesammelte Rechter virgeholl gëtt.
Dono ginn se bei d’Käerzefabrik Peters op Heischent geliwwert, wou déi agesammelt Wuesreschter eng zweete Kéier iwwerpréift a lescht Friemstoffer erausgeholl ginn. Da kënnen d‘Wuesreschter zu neie Käerzen verschafft ginn.
An esou kënnen bis zu 95% vun de Ressourcë geschount ginn an zeréck an de Kreeslaf kommen

Weider Informatiounen iwwert d‘Käerzefabrik fann Dir ënnert kaerzefabrik.lu an all weider Infoen zur SuperDrecksKëscht op sdk.lu an Insta a Facebook.

Back to Top
CIM LOGO